De CePT sicht

En Administrative Mataarbechter (m/w)
20 Stonnen/Woch, CDD 7 Méint, fir e Congé parental ze ersetzen.
Astellung direkt oder no Ofsprooch.

 

Diplom: Dir hutt eng technesch oder eng klassesch Première.


Missiounen:

  • Administrativ Aufgaben/Sekretariatsaarbechten
  • Telefonsdéngscht/Receptioun
  • Logistesch Aufgaben: Bestellungen/Entretien vum informatesche Material
  • MS Office Kenntnisser
  • Kenntnisser an der Gestioun vun Internetsäiten/E-Mailing
  • Autonomie beim Schaffen, Organisatiounstalent an Teamgeescht
  • Gutt Kenntnisser vun der lëtzebuergescher, franséischer an der däitscher Sprooch


Carrière:

  • Carrière C4 nom Kollektivvertrag SAS

 

Adress fir d’Bewerbung:

Dir kënnt Är Kandidatur bis den 11.09.2018 schécken un de

CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies
Direktioun
8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg

Email: mledoux@cept.lu