De CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies sicht :

 

De CePT, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept, am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen,…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.

Fir der Nofro vu suchtpräventiven Ufroen nozekommen an eis Formatiounsekipp ze ënnerstëtzen, siche mir:

een Universitaire/Master (m/w)

fir allgemeng Suchtpräventiounsaarbecht fir Deelzäitaarbecht 20 oder 30 Stonnen mat onbefristem Aarbechtskontrakt

Är Aufgaben:

  • Recherche- a Konzept-Aarbechten
  • Projeten a Formatioune entwéckelen an duerchféieren
  • Informatiouns- an didaktesch Material ausschaffen

Äre Profil:

  • Dir hutt e Masterdiplom, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass
  • Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung
  • Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel
  • Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeeten mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken
  • Dir hutt den Fürerschäi Klass B
  • Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer
  • Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg
  • Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht

 Mir bidden:

  • Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7.
  • Eng flott an ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz
  • Flexibel Auerzäiten

Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung
virum 7. Februar 2020 op:

CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies
Direktioun

8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg

direction@cept.lu