26. Juni: UNODC – World Drug Day – Welt Drogen Dag

 

 

 

version française

Säit 1987 ass de 26. Juni den internationalen Dag géint den Drogemëssbrauch an illegalen Handel, de sougenannte Welt Drogen Dag. Dëse gouf vum UNODC (United Nations Office on Drugs and Crime) an d’Liewe geruff fir international duerch Kooperatioun an Aktiounen dem Zil vun enger Gesellschaft ouni Drogemëssbrauch méi no ze kommen.

D’Thema vun dësem Joer ass “Better knowledge for better care”.

Informatiounen zu Substanzen, Sucht a Suchtpreventioun gi säit Jore vum cnapa vermëttelt. An dësem Sënn wëlle mir Iech eis nei Deplianten präsentéieren. Déi éischt 4 Broschüre liwweren Informatiounen zu Tubak, Alkohol, Cannabis an zu Schlof- a Berouegungsmëttelen. An den nächste Méint gëtt dës Offer mat Deplianten zu anere Substanzen ausgebaut.

Downloads: Tubak  DE FR – Alkohol DE FR – Cannabis DE FR – Schlof- a Berouegungsmëttelen DE FR

Zousätzlech offréiert de cnapa de Service Fro No, deen Dir kontaktéiere kënnt, wann Dir Froen zu Substanzen, Sucht, Suchtpreventioun an Hëllefsstellen hutt.

D’Vermëttele vun Informatiounen ass awer nëmmen ee vu ville wichtegen Elementer an der Suchtpreventioun. Dowéinst huet de cnapa och déi 4 Haaptaufgaben:

informéieren – sensibiliséieren – forméieren – koordinéieren

Ee wichtege Message, deen eis um Häerze läit an deen duerch d’Thema vum Welt Drogen Dag an dësem Joer soll vermëttelt ginn, ass “Support don’t punish”.

Dir sollt duerch Informatioune gestäerkt ginn, fir eegeverantwortlech Decisiounen ze treffen, déi Är Gesondheet fërderen a viru Sucht schütze kënnen.

Bleift gesond a passt op Iech op!

D’Ekipp vum cnapa