De cnapa – Centre National de Prévention des Addictions sicht :

 

De cnapa, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.

Fir en onbezuelte Congé vun engem Mataarbechter aus eiser Formatiounsekipp ze ersetzen, siche mir:

een Universitaire/Master (m/w)

fir allgemeng Suchtpräventiounsaarbecht fir Deelzäitaarbecht 

30 Stonnen/Woch mat befristem Aarbechtskontrakt bis den 31/03/2022

Är Aufgaben :

  • Recherche- a Konzeptaarbechten
  • Projeten a Formatioune entwéckelen an duerchféieren
  • Informatiouns- an didaktescht Material ausschaffen

Äre Profil:

  • Dir hutt e Masterdiplom, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass
  • Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung
  • Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel
  • Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeete mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken
  • Dir hutt den Fürerschäi Klass B
  • Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer
  • Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg
  • Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht

 Mir bidden:

  • Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7
  • Eng flott an ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz
  • Flexibel Auerzäiten

Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung

virum 27. Juli 2020 mat Mail op:

direction@cnapa.lu