De cnapa – Centre National de Prévention des Addictions sicht :

 

De cnapa, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.

Fir d’Leedung vum cnapa siche mir:

een Direkter (m/w)

fir Vollzäitaarbecht mat onbefristem Aarbechtskontrakt

 

Är Aufgaben:

  • Den Nationale Suchtpräventiounszenter am Sënn vum Verwaltungsrot leeden, um Niveau vun der fachlecher Ausgestalltung, vum Personal, de Finanzen an der Administratioun
  • Ausschaffen, Ëmsetzen an Evaluéiere vun eisen Aktivitéiten a Servicer
  • Personalmanagement esou wéi och Kompetenze vun de Mataarbechter evaluéieren an ënnerstëtzen
  • Vertriedung vum cnapa no baussen, bei de Ministèren, Gemengen, Partner, Press asw.

Äre Profil:

  • Dir hutt en Universitaire Diplom (Master oder equivalent)
  • Eng Zousazformatioun oder berufflech Erfarung am Management, Betribsgestioun oder de Finanze wier vu Virdeel
  • Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung an enger Féierungspositioun

Är Kompetenzen:

  • Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel
  • Dir hutt d’Fäegkeet ze decidéieren, ze delegéieren, ze motivéieren an ze moderéieren
  • Dir sidd kontaktfreedeg a kommunikativ
  • Dir hutt e gudden Ëmgang mat anere Leit a schafft gären zesummen an engem Team
  • Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht, innovativ a flexibel
  • Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeete mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken
  • Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer

 Mir bidden:

  • Eng wichteg Missioun an eng ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz an där Dir kënnt d’Zukunft vun der Suchtpräventioun zu Lëtzebuerg maassgeeblech matgestalten
  • Salaire a Konditioune vum CCT-SAS

Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung

virum 24 März 2024 mat Mail op fweiser@cnapa.lu