Éischt Hëllef am Noutfall bei Alkohol an aneren Drogen

Den 12. September 2020 ass den Internationalen Dag vun der Éischter Hëllef. Dësen Dag soll dorop sensibiliséieren, dass jidderee Liewe rette kann.

Un dësem Dag wollte mir als cnapa doriwwer informéieren, wéi eng Noutsituatiounen duerch de Konsum vun Alkohol an aneren Droge kënnen optrieden a wéi een an deene Situatiounen handele soll. D’Éischt Hëllef ass säit Jore feste Bestanddeel a verschiddene cnapa-Formatiounen oder -Atelieren.

D’Reaktioun op Alkohol an aner Drogen ass ënnerschiddlech an hänkt vun der Substanz, dem Alter, der Gréisst, dem Gewiicht an eventuelle Virerkrankungen of. Och gëtt et een Ënnerscheed, op eng Substanz eleng oder mat anere Substanze gemëscht konsuméiert gouf.

Wichteg an enger Noutsituatioun!

  • Denkt als éischt ëmmer un Är Gesondheet an Är Sécherheet.
  • Déi betraffe Persoun net eleng loossen.
  • Am Zweiwelsfall ëmmer d’Ambulanz ruffen: 112
    Dat Wichtegst ass ëmmer der betraffener Persoun ze hëllefen an den Noutdéngscht ze ruffen. Um Telefon ass et wichteg den aktuellen Zoustand vun der Persoun ze erklären, fir dann déi entspriechend Consignen ze erhalen.
    Wann de Noutdéngscht op der Plaz ass, kënnt Dir roueg oppe sinn, an iwwert eventuellen Drogekonsum informéieren. D’Personal ënnerläit der Schweigeflicht.
  • Probéiert erauszefannen, op déi betraffe Persoun eng Substanz consomméiert huet, a wa jo, wat. Wann d’Persoun bei Bewosstsinn ass, frot no, wat se consomméiert huet, wéi vill dovun, wéini an op wéi eng Aart a Weis. Wann d’Persoun net méi bei Bewosstsinn ass, da kuckt, op am Ëmfeld een Indiz ass (Material, Reschter vu Substanzen, asw.) Dëst si wichteg Informatiounen, déi Dir dem Gesondheetspersonal op der Plaz kënnt weiderginn.

Wichteg Informatiounen um Telefon mam 112:

  • Wou ass den Accident geschitt? (Wa méiglech déi genau Adress uginn)
  • Wien ass um Telefon? (Evtl. seng Telefonsnummer uginn)
  • Wat ass geschitt? (Kuerz Beschreiwung vun der Situatioun)
  • Wéi vill Persoune si concernéiert?

 

Jee no consomméierter Substanz kënne verschidde Symptomer optrieden, op déi een ënnerschiddlech reagéiere soll:

Aggressivitéit/Psychosen

  • Distanz behalen (2m)
  • Mat der Persoun am Bléck- a Gespréichskontakt bleiwen
  • Roueg bleiwen
  • Net emotional op Provokatioune reagéieren; net op laang Diskussiounen agoen
  • Situatioun entspanen (z.B. Waasser drénken)
  • Berouegend Kierperhaltung anhalen
  • Am Zweiwelsfall d’Ambulanz oder d’Police ruffen

Angschtzoustand/Bad Trip
Angschtzoustänn kënnen ë.a. duerch Cannabis an aner Substanzen ausgeléist ginn.

  • Berouegend op d’Persoun aschwätzen
  • D’Persoun an d’frësch Loft an/oder op eng roueg Platz bréngen
  • D’Persoun drun erënneren, dass den Zoustand eriwwer geet
  • Eegen- a Friemgefährdung vermeiden

Iwwerhëtzung – Deshydratatioun
Verschidde Substanzen (z.B. MDMA) kënnen zu Iwwerhëtzung féieren. Dëst léist sech doduerch erkennen, dass d’Persoun ee waarme, roude Kapp kritt, sech muss iwwerginn, eng waarm Haut an ee schnelle Bols huet.

  • D’Persoun soll de Kapp héichgelagert hunn (setzen)
  • Iwwerflësseg Kleedung vun der Persoun ausdoen
  • Waasser ze drénke ginn
  • Bei Onmacht: d’Persoun nidderleeën an d’Been héichleeën
  • Bols an Ootmung iwwerwaachen
  • 112 uruffen

Kreeslafproblemer
Eng Persoun mat Kreeslafproblemer kann een doduerch erkennen, dass se bleech ass, Schweessausbréch oder e schwaache Bols huet. Bei akute Kreeslafproblemer kann et zu Iwwelzegkeet, Schwindel, Schwächt kommen an der Persoun kann et schwaarz virun den Ae ginn.

  • D’Persoun un d’frësch Loft bréngen
  • D’Persoun op de Buedem leeën an d’Been héichleeën
  • Bessert sech den Zoustand net: 112 ruffen

Bewosstlosegkeet
Eng Persoun, déi otemt an awer net méi reagéiert, ass bewosstlos. Dëst ka beispillsweis duerch eng Iwwerdosis vun Opiaten, Alkohol, Schlof- a Berouegungsmëttel optrieden.

  • Ootmung a Bols kontrolléieren
  • Stabil Säitelag
  • 112 uruffen
  • Persoun mat Decken, Jacketten, o.ä. warmhalen

Krampufall
No enger epileptescher Kris kann et zu engem Otemstëllstand kommen, dofir muss een direkt den 112 uruffen.

Krampufäll kënnen duerch Mëschkonsum, enger Iwwerdoséierung oder engem Entzuch optrieden. Amphetaminen oder Kokain kënnen och Ufäll ausléisen.

  • Geféierlech Géigestänn aus dem Wee huelen
  • D’Persoun net mat Gewalt festhalen
  • Nom Krampufall an d‘stabil Säitelag leeën

Schock
E Schock ka sech duerch bleech a kal Haut, e schnelle Bols, Schléifregkeet (am Dusel sinn), Onrou a Bewosstlosegkeet weisen.

  • D’Persoun a Schocklag leeën: op de Réck leeën an d’Been héich
  • Ootmung a Bewosstsinn kontrolléieren
  • Wann ee Schock duerch Häerzproblemer optrëtt, muss den Uewerkierper erop an d’Been déif leien
  • 112 ruffen

Otem- an Häerzstëllstand
Bei engem Otemstëllstand gëtt d’Ootmung flaach, de Broschtkuerf beweegt sech bal net méi, et spiert ee keng Loft méi bei dem Mond an der Nues. D’Lëpse verfierwe sech mauve. Bei engem Häerzstëllstand spiert een um Hals an um Handgelenk kee Bols méi.

  • No Hëllef ruffen, an den 112 uruffen.
  • D’Persoun op eng fest Ënnerlag leeën.
  • Reanimatioun ufänken (Otemweeër fräi machen, Mond-zu-Mond Beootmung an Häerzmassage).

 

Wichteg: Des Informatiounen ersetze keen Éischt-Hëllef-Cours.