De cnapa, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.
Fir d’Leedung vum cnapa siche mir:
een Direkter (m/w)
fir Vollzäitaarbecht mat onbefristem Aarbechtskontrakt
Är Aufgaben :
- Den Nationale Suchtpräventiounszenter am Sënn vum Verwaltungsrot leeden, um Niveau vun der fachlecher Ausgestalltung, vum Personal, de Finanzen an der Administratioun
- Ausschaffen, Ëmsetzen an Evaluéiere vun eisen Aktivitéiten a Servicer
- Personalmanagement esou wéi och Kompetenze vun de Mataarbechter evaluéieren an ënnerstëtzen
- Vertriedung vum cnapa no baussen, bei de Ministèren, Gemengen, Partner, Press asw.
Äre Profil:
- Dir hutt en Universitaire Diplom (Bachelor oder Master)
- Eng Zousazformatioun oder berufflech Erfarung am Management, Betribsgestioun oder de Finanze wier vu Virdeel
- Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung an enger Féierungspositioun
Är Kompetenzen:
- Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel
- Dir hutt d’Fäegkeet ze decidéieren, ze delegéieren, ze motivéieren an ze moderéieren
- Dir sidd kontaktfreedeg a kommunikativ
- Dir hutt e gudden Ëmgang mat anere Leit a schafft gären zesummen an engem Team
- Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht, innovativ a flexibel
- Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeete mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken
- Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer
Mir bidden:
- Eng wichteg Missioun an eng ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz an där Dir kënnt d’Zukunft vun der Suchtpräventioun zu Lëtzebuerg maassgeeblech matgestalten
- Salaire a Konditioune vum CCT-SAS
Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung
virum 25. September 2020 mat Mail op direction@cnapa.lu