De cnapa – Centre National de Prévention des Addictions sicht :

 

De cnapa, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen, …) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.

De cnapa – Centre National de Prévention des Addictions sicht

fir e suchtpräventive Projet am Beräich vun der „non-formaler“ Jugendaarbecht

een Universitaire/Master (m/w)

CDD 40 St./Woch fir 6 Méint

Missioun:

  • Projeten a Formatiounen an der Jugendaarbecht konzipéieren an duerchféieren

 

Profil:

  • Dir hutt Erfarung an der Jugendaarbecht esou wéi an der Konzeptioun an Ëmsetzung vu Projeten a Formatiounen
  • Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg
  • Dir schwätzt a schreift lëtzebuergesch, franséisch an däitsch

 

Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7.

Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Äre CV mat Motivatiounsbréif virum 24. Oktober 2020 op:

cnapa – Centre National de Prévention des Addictions

8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg

direction@cnapa.lu