26. Juni 2021 UNODC – World Drug Day – Welt Drogen Dag

                            

 

Säit 1987 ass de 26. Juni den internationalen Dag géint den Drogemëssbrauch an illegalen Handel, de sougenannte Welt Drogen Dag. Dëse gouf vum UNODC (United Nations Office on Drugs and Crime) an d’Liewe geruff fir international duerch Kooperatioun an Aktiounen dem Zil vun enger Gesellschaft ouni Drogemëssbrauch méi no ze kommen.

D’Thema vun dësem Joer ass “Share Facts On Drugs, Save Lives”. Et ass wichteg déi richteg Fakten iwwer Drogen ze deelen- Gesondheetsrisiken a Léisunge fir de Welt Drogeproblem unzegoen, mat evidenzbaséierter Preventioun, Behandlung a Betreiung.

Informatiounen zu Substanzen, Sucht a Suchtpreventioun gi säit Jore vum cnapa vermëttelt.

An dësem Sënn kënnt Dir gären eis Deplianten zu Tubak, Alkohol, Cannabis, Schlof-a Berouegungsmëttelen, Heroin, Kokain, Ecstasy an Amphetaminnen a 4 Sproochen (FR-DE, EN-PT) hei eroflueden.

D’Vermëttele vun Informatiounen ass awer nëmmen ee vu ville wichtegen Elementer an der Suchtpreventioun. Dowéinst huet de cnapa och déi 4 Haaptaufgaben:

informéieren – sensibiliséieren – forméieren – koordinéieren

Dir sollt duerch Informatioune gestäerkt ginn, fir eegeverantwortlech Decisiounen ze treffen, déi Är Gesondheet fërderen a viru Sucht schütze kënnen.