Cnapa’s Pack – Suchtpreventioun an Gesondheetsfërderung am Alldag: Eng Toolbox fir Kanner vun 3 – 12 Joer (Code : B2-e-59)
30.01.2024 14:00 – 30.01.2024 18:00

Wei kann een am schouleschen a pedagogeschen Alldag, och mat klengen Aktivitéiten, d’Kanner staark maachen?
Wei kann Suchtpreventioun a Gesondheetsfërderung stattfannen?

Mam Cnapa’s Pack kritt dir eng Sammlung un Aktivitéite fir Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer fir de schouleschen oder non-formalen Beräich un d’Hand déi ouni vill Opwand a Virbereedung ëmgesat kënnen ginn an déi emotional, kognitiv a sozial Liewenskompetenzen vun de Kanner stäerken kënnen.

Zielgruppe

Personal aus dem psycho-sozio-edukativen Beraich C1, C2-C4

Zielsetzung

Wëssen
D’Participantë/-teë kennen:
- wesentlech Grondlage vun der Suchtpreventioun a Gesondheetsfërderung
- wëssenschaftlech Usätz a Methoden
- konkret Méiglechkeete fir Ëmsetzung vu suchtpreventiven Konzepter an Aktivitéiten (Übungen, Methoden, Projete).

Fäegkeeten
D’Participantë/-teë si capabel virgestallten Inhalter a Methoden an hiren eegene Praxisalldag ze bezéien an Iddien zur Ëmsetzung ze entwéckelen.

Haltung
D’Participantë/-teë reflektéieren hier Handlungsméiglechkeete fir de beruffleche Kontext.

Arbeitsformen

  • Impulsvirträg
  • interaktiv Methoden
  • Diskussiounsronnen

Sprache

Luxemburgisch

Organisation

cnapa, IFEN

Referent(en)

Nathalie Zahles, Fachberoderin fir Suchtpreventioun an Gesondheetsfërderung

Einschreibungen

Über die Webseite: Code : Code : B2-e-59)

Adresse

IFEN Walferdange - eduPôle - bâtiment 6