Kannerae liichten OFFLINE méi hell
Kanner tëscht 0 a 5 Joer brauche reell Erliefnisser an Interaktiounen.
Et si keng Fake News datt Bildschiermer aus eiser Welt net méi fortzedenke sinn an obwuel se engem vill Spaass an Notze kenne bréngen, well de Cnapa mat der Ënnerstëtzung vun der Oeuvre Nationale De Secours Grande-Duchesse Charlotte, der Initiative Liewensufank A.s.b.l. an der Eltereschoul Janusz Korczak dorop opmierksam maachen datt ze vill Zäit virum Bildschierm och Auswierkungen op d‘Entwécklung vun de Kanner kann hunn. Heibäi leeë mir de Fokus op déi éischt 5 Joer vum Kand, well dës mat déi Wichtegst fir seng gesond Entwécklung sinn.
Dofir präsentéiert de Cnapa Iech an dëser Campagne:
- Alternativen zum Gebrauch
- Methoden zum gemeinsame Gebrauch
- Ureegunge fir den eegene Gebrauch
Stay tuned! (Fir dës Campagne ass et okay är Bildschiermer ze benotze 😉)
Kalenner « DIGITAL DETOX »:
Dës Campagne soll Eltere vu Kanner am Alter vun 0-5 Joer dobäi ënnerstëtzen hire Mediengebrauch un d’Entwécklung vun hire Kanner unzepassen.
Artikelen zu dësem Thema:
Always connected – Artikel_ Baby Info_ März24
Nëtzlech Linken:
Dës Säit bitt Recommandatioune fir Eltere vu Kanner bis 7 Joer, fir eng sécher a bewosst Notzung vu Medien.
Hei fannen Elteren, Enseignanten a Fachleit vill Materialien, wéi Broschüren, Guiden an Aarbechtsblieder, fir digital Mediekompetenz ze fërderen.
Op dëser Websäit fannen Eltere Bewäertungen an Orientéierungshëllefen fir kannergerecht Inhalter um Fernseh, Streaming a Youtube ze fannen.
Dës Säit bitt gezielt Informatiounen a Rotschléi, wéi ee mat Medie bei Klengkanner ëmgeet.
Alternativen zu Lëtzebuerg:
Supermiro bitt eng Iwwersiicht iwwer Aktivitéiten an Evenementer fir Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg.
Spillplaz.lu ass eng Plattform, déi Spillplazen zu Lëtzebuerg oplëscht a detailléiert Informatiounen iwwer hir Ausstatung ubitt.
Kids-in-lux.com ass eng Websäit mat villen Tipps fir Elteren zu Lëtzebuerg, dorënner Fräizäitaktivitéiten, Evenementer an Ausflugsziler fir Kanner.
Whatsonforkids.lu ass en Evenementskalenner fir Familljen zu Lëtzebuerg mat enger Iwwersiicht iwwer kinderfrëndlech Events an Offeren.
Petitweb.lu bitt Elteren a Kanner eng Sammlung vun Informatiounen iwwer Fräizäitaktivitéiten, Schoulen a Familljenofferen zu Lëtzebuerg.
@mom_luxembourg ass en Instagram-Account, deen Elteren zu Lëtzebuerg Inspiratioun fir Aktivitéiten, Ausflich a familljefrëndlech Offeren gëtt.
Vidéo:
mat der Ënnerstëtzung vu: