Fir e Congé de maternité an e Congé parental ze ersetzen, sicht de CePT
Är Missioun :
– Formatiounen am Beräich vun der Suchtpreventioun matausschaffen an halen,
– un internationale Projeten iwwer Suchtprevention a Gesondheetsfërderung am Beräich vum Nuetsliewe matschaffen.
Äre Profil:
– en Unisofschloss an de Sciences humaines
– praktesch Erfahrung am Beräich vu Formatioune mat Erwuessener
– gutt Informatikskenntnesser
– Dir kënnt geleefeg Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.
Dir kënnt Äre CV an Äre Motivatiounsbréif bis den 20. September schécken oder mailen un:
Centre de Prévention des Toxicomanies (CePT)
Madame Thérèse Michaelis, Directrice
8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg
Email : recrutement@cept.lu