Den CePT sicht een Universitaire am Beräich Formatiounen


Fir e Congé de maternité an e Congé parental ze ersetzen, sicht de CePT

een Universitaire (w/m)

vu November 2009 bis März 2011 (20 St./Woch.)

Är Missioun :
– Formatiounen am Beräich vun der Suchtpreventioun matausschaffen an halen,
– un internationale Projeten iwwer Suchtprevention a Gesondheetsfërderung am  Beräich vum Nuetsliewe matschaffen.

Äre Profil:
– en Unisofschloss an de Sciences humaines
– praktesch Erfahrung am Beräich vu Formatioune mat Erwuessener
– gutt Informatikskenntnesser
– Dir kënnt geleefeg Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Dir kënnt Äre CV an Äre Motivatiounsbréif bis den 20. September schécken oder mailen un:

Centre de Prévention des Toxicomanies (CePT)
Madame Thérèse Michaelis, Directrice
8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg
Email : recrutement@cept.lu