Den CePT sicht een Universitaire fir seng Kommunikatiounspolitik

 

Den CePT sicht

een Universitaire (w/m)

CDI 20 St./Woch vum 1. November 2009 un

Är Missioun:

– Dir schafft inhaltlech am Thema Suchtpreventioun mat
– Zesummen mat der Direktioun organiséiert Dir d’Kommunikatiounspolitik vum CePT
– Dir sidd responsabel fir déi verschidden Instrumenter vun der Kommunikatioun :   Homepage, Newsletter, Publikatiounen, Pressekonferenzen …

Äre Profil:
– Dir hutt en Unisofschloss, am léifstens am Beräich Kommunikatioun an/oder Gesondheetsfërderung
– Dir kënnt geleefeg Franséisch, Daitsch a Lëtzebuergesch
– Erfahrung an engem ähnlechen Job ass vu Virdeel
– Dir kënnt flexibel Aarbechtszaïte schaffen
– Dir hut gutt Komputerkenntnesser
– Dir hutt Eegeninitiativ a sidd gutt organiséiert

Fir weider Froe kënnt Dir eng Mail schécken u recrutement@cept.lu
Dir kënnt Äre CV + Äre Motivatiounsbréif bis den 20. September 2009 schécken oder mailen un :

Centre de Prévention des Toxicomanies (CePT)
Madame Thérèse Michaelis, Directrice
8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg
Email : recrutement@cept.lu