Bleift och doheem am grénge Beräich!

 

Suchtpreventioun an Zäite vum COVID-19

Duerch déi aktuell Situatioun huet sech den Alldag vun deene meeschte vun eis geännert. Duerch de “Social Distancing”, d’Betreie vun de Kanner, der Angscht virun enger Infektioun vun eis oder eise Léifsten an och finanziell Ängscht, si verschidde Leit an enger Situatioun vu Stress oder Angscht. Dëse Changement vun eise Routinnen huet och een Afloss op eis Gesondheet.

Wat huet de cnapa (fréiere CePT) dann elo domadder ze dinn? Dem cnapa seng Missioun ass et Strategien a Verhalensweise vun engem gesonde Liewensstil ze fërderen, an dëst virun allem besonnesch an der Preventioun vu Verhalensweisen, déi eng Ofhängegkeet (vun allen Zorten) kënnen ervirruffen.

Tipps fir Jiddereen:

Bleift och doheem am grénge Beräich! Probéiert de Fokus an dëser Zäit net op Ängschten oder Defiziter ze riichten, mee versicht och déi positiv Aspekter ze gesinn. Stellt Iech d’Fro ewéi d’Kris éischter eng Chance oder eng nei Erausfuerderung ka sinn. Déi bescht Preventioun ass am psychesche Gläichgewiicht ze bleiwen an d’Liewensfreed ze behalen.

Langweil, Stress oder Angscht solle kee Grond sinn Alkohol oder aner Drogen ze consomméieren. Och do sollt Dir am grénge Beräich bleiwen – mat Verantwortung fir Iech selwer a fir déi aner.

Fir am Alldag eens ze ginn an de Stresspeegel niddereg ze halen, huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) verschidde Recommandatiounen erausginn:

  • Et ass normal, wann Dir wärend enger Kris Emotiounen ewéi Stress, Trauregkeet, Angscht oder Roserei empfannt. Schwätzt mat Leit doriwwer deenen Dir vertraut. Huelt reegelméisseg Kontakt mat Äre Frënn an Ärer Famill op.
  • Haalt och doheem ee gesonde Liewensstil bäi. Iesst ausgeglach, schlooft genuch, maacht Sport a bleift mat Ärem sozialen Ëmfeld a Kontakt. Och an dësen Zäite gëllt de Motto « Gesond iessen – méi beweegen ».
  • Och wann Dir negativ Emotiounen hutt, evitéiert déi duerch Alkohol oder aner Drogen ze verschaffen. Et gi vill aner Léisunge fir mat deene Gefiller ëmzegoen.
    Wann dir Iech awer iwwerfuerdert fillt, dann zéckt net a sicht Iech professionell Hëllef. Déi Servicer si fir Iech do.

Eng Rei vu Berodungsstelle fannt dir ënnert folgendem Link.

  • Informéiert Iech! Liest oder lauschtert Informatiounen, déi Iech hëllefen Äre Risiko anzeschätzen an Iech weisen, wéi Dir Iech an Äert Ëmfeld schütze kënnt.

Benotzt dofir vertrauensvoll Quellen:

Site vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)

Site vum Gesondheetsministère

Site vun der Regierung

Probéiert Iech ze entspanen andeems Dir net ze vill Dokumentatiounen oder Reportagë kuckt oder lauschtert, déi Iech perturbéieren.

  • Fir eng Krisesituatioun oder Stress ze iwwerwannen, benotzt déi Kompetenzen, déi Iech schonns an der Vergaangenheet gehollef hunn. Benotzt se fir Är Emotiounen an de Grëff ze kréien.

Méi genau heescht dat: dagdeeglech Routine ass wichteg!

  • Sidd reegelméisseg a Kontakt mat Äre Frënn an Ärer Famill! Dofir kënnt dir déi Sozial Medie benotzen, uruffen a villes méi. Et ginn och mëttlerweil vill Internetsitten, Applikatiounen asw., mat deenen dir mat Äre Léifsten, beispillsweis Gesellschaftsspiller spille kënnt.
  • Beweegt Iech! Wann Dir kënnt erausgoen, da beweegt Iech dobaussen (trëppelen, lafen, Vëlo fueren, asw.). Dobanne kënnt Dir och Sport maachen z.B. Trape lafen, Yoga, Pilates… Op Youtube fannt Dir vill Sportvideoen, déi Dir doheem matmaache kënnt, an och op der neier « Plattform fir Sport a Beweegung » .
  • Et ass wichteg, dass Dir genuch schlooft! Stitt moies op a gitt owes an d’Bett zu den Zäiten, ewéi soss och.
  • Wann Dir vun doheem aus schafft, da maacht och doheem Pausen! Setzt am Viraus Zäite fest, wéini Dir schafft a wéini Dir Paus hutt.

Bleift positiv! D’Situatioun huet net nëmmen negativ Säiten. Konzentréiert Iech op déi positiv Säiten.

  • Gesitt d’Kris als eng Chance oder eng Erausfuerderung! Gesitt et als Challenge, dat Bescht aus der Situatioun ze maachen.
  • Iwwerleet Iech ewéi eng Virdeeler d’Situatioun mat sech bréngt! Den Alldag gëtt méi lues, et bleift méi Zäit fir Saachen, fir déi soss keng Zäit bleift.
  • Iwwerleet Iech ewéi eng Bedierfnesser Dir hutt a wat wierklech wichteg ass am Liewen!
  • Duerch déi villfälteg Ännerungen am Alldag kënnt Dir verschidde Kompetenzen erléieren oder ausbauen, beispillsweis Är digital Kompetenzen!
  • Baut Är Hobbyen aus oder sicht Iech neier! Dir wollt schonns ëmmer een Instrument léieren, eng nei Sprooch schwätzen oder verstoen? Et gi vill Saachen, fir déi Dir elo endlech méi Zäit hutt.
  • Dir hutt villäicht och Kanner? Mat deenen kënnt Dir elo méi Zäit verbréngen!

« Dat perséinlecht Wuelbefannen » – erkläert duerch den TRAMPOLIN-Modell: 

Fir dass et dem Mënsch gutt geet a seng Bedierfnesser befriddegt sinn, brauch hie verschidde Ressourcen. Déi Ressourcë si ganz ënnerschiddlech. Dacks sinn et déi kleng Saachen am Alldag, déi eng grouss preventiv Wierkung hunn. Déi aktuell Situatioun bitt eng gutt Méiglechkeet sech kuerz selwer ze reflektéieren, nozedenken, ze iwwerleeën ewéi eng Bedierfnesser a Ressourcen een huet, sech senge Stäerkte bewosst ze ginn a Kraaftquellen zur Stressbewältegung auszebauen.

Fir dëst ze erklären, huet de cnapa ee Modell entwéckelt, dee mam Bild vun engem Trampolin schafft. Eis Bedierfnesser, déi wichteg fir eist Wuelbefanne sinn, ginn duerch d’Sprangduch duergestallt. Eis Ressourcen am Alldag ginn an dësem Modell als Sprangfiederen ugesinn. Wat mir méi Ressourcen hunn, wat eise perséinlechen “TRAMPOLIN” am Alldag méi Sprongkraaft huet, wat mir eis méi ausgeglach, méi wuel fillen, a méi Méiglechkeeten hunn a Krisesituatiounen op Ënnerstëtzung an Hëllef zeréckzegräifen.

Grad an esou enger Situatioun ewéi elo, ass et wichteg op déi Ressourcë kënnen zeréckzegräifen, déi fir eist Wuelbefannen eng Roll spillen. Dozou ziele beispillsweis: eise Partner, eis Famill, d’Natur, eis Aarbecht, eis Frënn, Sport, gutt Iessen, liesen, Musek lauschteren oder selwer maachen, ….

Duerch déi aktuell Situatioun falen op den éischte Bléck munch Ressourcen ewech oder mussen un eis perséinlech Bedierfnesser ugepasst ginn. Profitéiert vun der aktueller Situatioun fir Iech bewosst ze maachen, ewéi eng Bedierfnesser Dir hutt a wat Dir braucht fir zefridden ze sinn. Iwwerleet och wéi eng Stäerkten Dir hutt a konzentréiert Iech op déi a baut se aus! Zéckt net nei Ressourcen, beispillsweis duerch nei Hobbyen ze erschléissen. Wat méi wat besser!

Virlag Trampolin Jong

Virlag Trampolin Meedchen

Konsum vun Alkohol wärend dem COVID-19

Denkt och an der Zäit vum “e-Apero” un d’Recommandatioune fir een Alkoholkonsum mat engem gerénge Risiko a bleift am grénge Beräich:

1 Standardglas pro Dag fir d’Fraen,

2 Standardglieser pro Dag fir d’Männer,

– an 2 Deeg an der Woch ouni Alkohol.

Konsum vun Tubak

Probéiert net méi ze fëmmen ewéi soss! De COVID-19 ass ee Virus, deen d’Longen ugräift. Am Fall vun enger Infektioun ass et besser, wann Dir manner virdrun gefëmmt hutt, a sief et nëmmen e puer Deeg!

Klengen Tipp: probéiert den Äschebecher esou wäit ewech wéi méiglech ze stellen. Wann dir doheem schafft, da loosst en net op Ärem Bureau stoen. Wann Dir wëllt fëmmen, profitéiert dovunner opzestoen a sech e bëssen ze beweegen.

Konsum vun anere Substanzen

Fir Informatiounen zu anere Substanzen, consultéiert eise Site oder eis Deplianten.

Um Site “Suchtberodung online” fannt Dir weider Informatiounen a Selbsttester fir ze kucken ob Dir nach am grénge Beräich läit, a villes méi.

 Tipps fir Elteren

Gesitt déi besonnesch Situatioun als Chance! Dir hutt méi Zäit doheem mat Äre Kanner. Doduerch léiert Dir iech nach besser kennen an erliewen. An dëser Situatioun ass vill Fantasie a Kreativitéit gefrot fir d’Zäit sënnvoll ze notzen. Mee och Reegelen am Alldag sinn hei ganz wichteg. Beim Ëmgang mat der Situatioun geet et och dorëm de Stress fir jiddwereen, op Jonk oder manner Jonk, ze reduzéieren.

D’WHO recommandéiert den Elteren hire Kanner ze hëllefen fir de Stress ze meeschteren. Kanner a Jugendlecher kënnen ënnerschiddlech op Stress reagéieren. Et ass wichteg hinnen nozelauschteren, si ze ënnerstëtzen an hinnen Opmierksamkeet ze ginn. Wann Äert Kand Angscht oder Zweiwel huet, lauschtert him no a rassuréiert et. Proposéiert Äre Kanner esouvill Méiglechkeeten ewéi dir kënnt fir ze spillen an ze entspanen. Och Är Kanner brauchen dagdeeglech Routine! Setzt kloer Spill- a Léierzäite fest. Erkläert de Kanner déi aktuell Situatioun.

Site mat Aktivitéite fir d’Kanner.

Site vum Educatiouns- a Familljeministère.

Schoulesch a pychologesch Helpline: Tel. 8002 9090

Weider Hëllef fannt dir an eiser Broschür vun den Erzéiungsberodungsstellen.

 

Methoden fir de Stress an der aktueller Situatioun ze meeschteren

Den Ëmgang mat Stress ass ee wichtegt Thema an der Gesondheetsfërderung an an der Suchtpreventioun. D’Gefill vu Stress entsteet duerch Gedanken a Bewäertungen an enger bestëmmter Situatioun. Jidderee reagéiert an empfënnt anescht an esou enger Situatioun. Deemno wéi mir eis fillen, wéi ee Vertraue mir an eis Ressourcen a Fäegkeeten hunn, gi mir anescht mat enger Situatioun ëm an empfannen se als méi oder manner stresseg.

Fir déi eng Leit ka Sport ee Mëttel si fir Stress ze reduzéieren a Wuelbefannen ze fërderen. Wat passt, muss jidderee selwer erausfannen an am Beschten och reegelméisseg üben.

Hei nach e puer Beispiller vun Entspanungstechniken:

  • Autogenen Training,
  • Progressiv Muskelentspanung,
  • Qigong / Tai-Chi,
  • Yoga,
  • Methode vun Naturerfarungen a Wildnispedagogik (cf cnapa.lu) an dat a leschter Zäit dacks genannten « Waldbaden ».

Vill Aktivitéite kënnen an der aktueller Situatioun zum Wuelbefanne bäidroen an doduerch och d’Immunsystem stäerken.

Weider Informatiounen:     

Site vum Educatiouns- a Familljeministère zu hirer Campagne @Home.
Site vun der Ligue « Ligue Luxembourgeoise d’hygiène mentale ».
Site vum Gesondheetsministère zum Coronavirus.
Site vun der Gesondheetsdirektioun zum Coronavirus.
Site vum cnapa.