De cnapa, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen, …) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.
De cnapa – Centre National de Prévention des Addictions sicht
fir e suchtpräventive Projet am Beräich vun der „non-formaler“ Jugendaarbecht
een Universitaire/Master (m/w)
CDD 40 St./Woch fir 6 Méint
Missioun:
- Projeten a Formatiounen an der Jugendaarbecht konzipéieren an duerchféieren
Profil:
- Dir hutt Erfarung an der Jugendaarbecht esou wéi an der Konzeptioun an Ëmsetzung vu Projeten a Formatiounen
- Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg
- Dir schwätzt a schreift lëtzebuergesch, franséisch an däitsch
Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7.
Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Äre CV mat Motivatiounsbréif virum 24. Oktober 2020 op:
cnapa – Centre National de Prévention des Addictions
8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg