Resilienz Forum 2024 Exposanten

Gesond opwuessen

Den CNAPA invitéiert Iech als Acteur am Kanner- a Jugendberäich ganz häerzlech, fir Iech mat engem Informatiounsstand um Forum Resilienz ze bedeelegen. Profitéiert vun dëser eenzegaarteger Geleeënheet fir Är Organisatioun an Aktivitéite virzestellen a fir wichteg Kontakter opzebauen an Äert Netzwierk ze erweideren.

Fir d’Exposanten:

15h-16h Begréissung an Opriichte vun de Stänn
16h-18h Austausch fir Professioneller aus dem Secteur, moderéiert vun Experte vun der Ligue Luxembourgeoise de l’Hygiène Mentale, L’Université dans la Nature, der FINDER Akademie an dem CNAPA.

Fir de Grand-Public:

ab 18h00 Infostänn vun Acteuren aus dem enfance/jeunesse Beraïch
18h30 Virträg vun Experten/-innen
19h45 Table Ronde a Froeronn
ab 20h15 Get-together mat Fingerfood

Mir géifen eis freeën, vill vun eise Partner an dësem Kader erëmzebegéinen an nei Partner kennenzeléieren.

ORGANISATIOUN / KONTAKT / INFOS

Sprooch
Virträg op Däitsch/Lëtzebuergesch mat Iwwersetzung op Franséisch

Wou 
Parc Hotel Alvisse
120 Route d’Echternach
L-1453 Luxembourg

Umeldung
Umeldungsformular

Kontakt
conference@cnapa.lu

mat der Ënnerstëtzung vu