De CePT, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept, am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen,…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.
Fir der Nofro vu suchtpräventiven Ufroen nozekommen an eis Formatiounsekipp ze ënnerstëtzen, siche mir:
een Universitaire/Master (m/w)
fir allgemeng Suchtpräventiounsaarbecht fir Deelzäitaarbecht 20 oder 30 Stonnen mat onbefristem Aarbechtskontrakt
Är Aufgaben:
- Recherche- a Konzept-Aarbechten
- Projeten a Formatioune entwéckelen an duerchféieren
- Informatiouns- an didaktesch Material ausschaffen
Äre Profil:
- Dir hutt e Masterdiplom, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass
- Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung
- Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel
- Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeeten mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken
- Dir hutt den Fürerschäi Klass B
- Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer
- Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg
- Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht
Mir bidden:
- Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7.
- Eng flott an ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz
- Flexibel Auerzäiten
Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung
virum 7. Februar 2020 op:
CePT – Centre de Prévention des Toxicomanies
Direktioun
8-10, rue de la Fonderie
L-1531 Luxembourg