De cnapa, den Nationale Suchtpräventiounszenter, wennt sech mat sengem Präventiounskonzept am Kader vun der Gesondheetsfërderung souwuel un d’Ëffentlechkeet als och un d’Multiplicateuren am psycho-sozio-edukativen a medezinesche Beräich. Niewent den Informatioune gi Fortbildungen a Projeten a verschidde Beräicher (Schoulen, Jugendaarbecht, Gemengen…) zu suchtpräventiven Themen ugebueden.
Fir en onbezuelte Congé vun engem Mataarbechter aus eiser Formatiounsekipp ze ersetzen, siche mir:
een Universitaire/Master (m/w)
fir allgemeng Suchtpräventiounsaarbecht fir Deelzäitaarbecht
30 Stonnen/Woch mat befristem Aarbechtskontrakt bis den 31/03/2022
Är Aufgaben :
- Recherche- a Konzeptaarbechten
- Projeten a Formatioune entwéckelen an duerchféieren
- Informatiouns- an didaktescht Material ausschaffen
Äre Profil:
- Dir hutt e Masterdiplom, deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass
- Dir hutt wéinstens 5 Joer Beruffserfarung
- Erfarung am Beräich vu Suchtpräventioun ass vu Virdeel
- Dir kënnt Iech ouni Schwieregkeete mëndlech wéi och schrëftlech op lëtzebuergesch, franséisch an däitsch ausdrécken
- Dir hutt den Fürerschäi Klass B
- Dir gitt gutt eens mat deene gängegen IT-Programmer
- Dir sidd kontaktfreedeg, kommunikativ, flexibel an teamfäeg
- Dir sidd organiséiert a strukturéiert an Ärer Aarbecht
Mir bidden:
- Salaire a Konditioune vum CCT-SAS C7
- Eng flott an ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz
- Flexibel Auerzäiten
Astellung fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann Dir interesséiert sidd mat eis zesummen ze schaffen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf, enger Kopie vum Diplom a senger Unerkennung
virum 27. Juli 2020 mat Mail op: